Michèle Frank
D'Michèle Frank, gebuer de 25. Abrëll 1940 zu Chatellerault (F), ass eng Molerin a Schrëftstellerin.
No hiren Universitéitsstudien, déi si zu Saarbrécken an zu Dijon gemaach huet, fänkt se 1980 als Autodidakt mat der Molerei un. Si benotzt verschidden Techniken (Ueleg, Aquarell, Tusch,...) a Supporten (Toile, Pabeier, Styropor, Koffer,...).
1986 begéint si dem Sculpteur René Wiroth, dee si dozou bréngt, 1987 fir d'éischt auszestellen a mat deem si sech och bestit.
Déi zwéin Artiste schaffe kënschtleresch mateneen a presentéieren hir Wierker zesummen an Ausstellungen.
2006 huet se hire Roman Ressac erausbruecht.
Eenzel-Ausstellungen (Auswiel)
- 1987, Cercle des Communautés Européennes
- 1987, Bibliothèque Municipale vun Thionville (F)
- 1990, Galerie 47, Virton (B)
- 1991, Theaterstiffchen, Esch-Uelzecht
- 1992, Galerie Archipel, Paräis
- 1992, Centre Culturel de Forbach (F)
- 1993, Galerie «La Malle des Indes», Metz (F)
- 2008, Centre Culturel de Rencontre, Abbaye de Neumünster, Lëtzebuerg
Gruppen-Ausstellungen
- 1993, Galerie «La Palette», Beatenberg, Schwäiz
- 1994, Salon du Mineur, Centre Culturel vu Forbach (F)
- 1995, Art Gallery, Lëtzebuerg
- 1995, Centre Culturel de Florange (F): Rencontre Ukraine - France
- 2007 Invitée d'honneur à L'abbaye de Villers-Bettnach (F)
- 2007, Espace TEM, Goviller (F): La Cinquième Saison, panneau d'huiles sur toile de 10x2,5 m
- 2008, Keller vum Stadhaus vu Virton (B): La Cinquième Saison
Ausstellungen zesumme mam René Wiroth
- 1997, Complémentarité Homme-Femme, Stad-Galerie vu Sternberk, Tschechesch Republik
- 1997, Complémentarité Homme-Femme, Galerie St. Nicolas, Réimech
- 2000, Complémentarité Homme-Femme, Résidence du Parc, Merlebach (F)
- 2002, Gold und Lehm, Kunstkeller Klingelpütz, Köln
- 2002, Centre Culturel Français, Lëtzebuerg
- 2003, Europa-Parlament zu Stroossbuerg
- 2003, Galerie Municipale, Theater Esch-Uelzecht
- 2003, La Galerie, Passage Alfa, Lëtzebuerg
- 2003, Commission Européenne, Bâtiment Jean Monet, Lëtzebuerg
- 2003, National Arts Club, New York
- 2003, The Luxembourg House, New York
- 2003, Gemengenhaus vu Welleschten
- 2003, Schlass vu Buerglënster
- 2008, Galerie Soraya, Ausstellung a Konferenz iwwer L'identité féminine dans l'art (M. F.), Camille Claudel et Rodin (R.W.)
- 2008, Jardin Botanique, Schwéibseng
- 2009, Espace TEM, Goviller (F): Nous sommes partout et nulle part, Panneau d'huiles sur toile de 6x2,50 m servant de fond aux sculptures volantes en aluminium de René Wiroth
- 2009, Kunstkeller Klingelpütz, Köln
- 2013, Hommage à Michèle Frank et René Wiroth, Cercle Munster, Stad Lëtzebuerg
Publikatiounen
- Michèle Frank, René Wiroth: L'Or et L'Argile - L'Art et le quotidien, 2001, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, ISBN = 2-9599827-0-3 (och an däitscher Versioun: Gold und Lehm - Kunst und Alltag, ISBN = 2-9599827-9-7)
- Michèle Frank: Ressac, 2006, Thélès (Paräis), ISBN = 2-84776-625-1
- Michèle Frank, René Wiroth: Correspondances, 2009, ISBN = 978-2-9599827-2-9
Kuckt och
Um Spaweck
|
|