De Griffin war vun 1986 un, fënnef Joer laang stellvertriedenden Technikdirekter fir den SDI-Programm an der Strategic Defense Initiative Organization am Pentagon an huet vun August 1991 bis 1994 bei der NASA als Chefingenieur a Fuerschungsdirekter (Associate Administrator for Exploration) geschafft. Ier hien am Joer 1995 als Vizepresident bei d'Orbital Sciences Corporation koum, enger Raumfaartfirma zu Dulles (Virginia), huet hien als General Manager vun der Space Industries International an Texas geschafft.
Duerno gouf de Griffin Leeder vun In-Q-Tel zu Arlington (Virginia), eng vum US-Geheimdéngscht CIA1999 gegrënnte Firma fir d'Erfuerschung vun neien Technologien. Vum Abrëll 2004 u war hien e Joer laang Direkter vun der Raumfaartsektioun vum Applied Physics Laboratory an der Johns Hopkins Universéit zu Laurel (Maryland).