Seng Musek gehéiert zum Big Band-, Pop- an Jazzberäich. No zwéi selwer-produzéierten Albumen an de Joren 2001 an 2002 huet de Bublé mat groussem Succès 2003 säin Debutalbum Michael Bublé op engem Majorlabel erausbruecht, deen et a senger Heemecht op déi 7. Plaz vun den Charts bruecht huet an an Australien an Neiséiland souguer op der 1. Plaz war. All Album, deen duerno verëffentlecht gouf, huet sech weltwäit e puer Milliounemol verkaaft.