D'Missioun Mercury-Redstone-1A war den 19. Dezember1960 a war d'Ersatzmissioun fir déi feelgeschloe Missioun Mercury-Redstone 1. Dobäi gouf zwar déi selwecht Kapsel (Seriennummer 2) benotzt, d'Drorakéit gouf awer fir den zweete Versuch gewiesselt. D'Missioun huet 15 Minutten a 45 Sekonne gedauert a war erfollegräich. D'Kapsel gouf 15 Minutten no der Waasserlandung am Atlantik vun Helikoptere gebuergen. Si ass haut am Exploration Center vum NASA Ames Research Center um Moffett Federal Airfield a Kalifornien ausgestallt.
De Zenit vun der Bunnparabel louch bei 210 Kilometer Héicht, déi zeréckgeluecht Distanz war 375 km. D'Kapsel gouf mat der Redstone MRLV-3 gestart.