De Maurice Garrel, gebuer de 24. Februar 1923 zu Saint-Gervais, a gestuerwen de 4. Juni 2011 zu Paräis, war e franséische Schauspiller.
Hien ass de Papp vum Filmregisseur Philippe Garrel an de Grousspapp vun de Schauspiller Louis Garrel an Esther Garrel.
Hie war Schüler vum Charles Dullin an der Tania Balachova. Vun 1947 un huet hien Theater gespillt a war vun 1983 bis 1985 Member vun der Comédie-Française.
Filmer
Kino
vun 1959 bis 1969
vun 1970 bis 1979
vun 1980 bis 1989
vun 1990 bis 1999
vun 2000 bis 2011
Literatur
- Jacques Morice, Maurice Garrel, le veilleur, Stock, 2012
Um Spaweck