|
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
D'Marta Roure i Besolí, gebuer de 16. Januar 1981 zu Andorra la Vella, ass eng andorranesch Sängerin (Pop, Pop-Rock). Si war Member vun der Museksgrupp Big Band D'Andorra[1].
2004 huet si Andorra mam Lidd "Jugarem a estimar-nos" beim Eurovision Song Contest zu Istanbul vertrueden. An der Halleffinall si koum op déi 18. Plaz mat 12 Punkten[2].
D'Roure huet um Conservatori de Música d'Andorra Musekstheorie studéiert[1]. 2004 koum hiren éischten an nach eenzegen Album Nua eraus[3].
Discographie
- 2004: Jugarem a estimar-nos (Single)
- 2004: Nua (Album)
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 http://www.allmusic.com/artist/marta-roure-mn0000523789/biography
- ↑ http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=9#Scoreboard
- ↑ http://esctoday.com/2924/marta_roure_releases_full_album_nua