Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Äerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Béimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Éisträich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Éisträich (Homonymie).
Maria Anna vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich
Kanner
Maria Elisabeth vun Éisträich, Maria Anna vun Éisträich, Maria Karolina vun Habsburg, Joseph II., Maria Christina vun Éisträich, Maria Elisabeth vun Éisträich, Karl Joseph vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich, Leopold II., Johanna Gabriele vun Éisträich, Maria Josepha vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Ferdinand Karl vun Éisträich-Este, Marie-Antoinette vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Maximilian Franz vun Éisträich
Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Réimesche Räich.
Si war déi eelst Duechter vum Karl VI. (1685 - 1740). Hire Brudder Leopold, den eenzege männlechen Trounfollger, gouf 1716 gebuer an ass nach am selwechte Joer gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum hirem Papp (1740), sämtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den éisträicheschen Ierffollegkrich.
1736 ass si mam François III., Herzog vu Loutrengen, (1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de François III. gëtt als Franz I. Stephan1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Réimesch Keeserin betitelt.
Kanner
D'Maria Theresia hat 16 Kanner (11 Meedercher, 5 Jongen):
Maria Elisabeth (* 5. Februar 1737; † 7. Juli 1740)
Maria Anna (* 6. Oktober 1738; † 19. November 1789)
Maria Karolina (* 12. Januar 1740; † 25. Januar 1741)
↑„D'Maria Theresia war vun elo un de Rex Hungariae (Kinnek vun Ungarn). E weiblechen Titel war an der Verfassung net virgesinn.“ Quell: Martin Mutschlechner, Eljen király – es lebe der König! Maria Theresia und Ungarn, op „Die Welt der Habsburger“, gekuckt de 26 Juni 2018
↑„An Ungarn gëtt si 1741 als Kinnek gewielt, déi weiblech Form vum Titel existéiert net“ Quell: Ulinka Rublack, Maria Theresia: Die Ausnahmefrau op www.zeit.de, gekuckt de 26. Juni 2018