De Marcel Leineweber, gebuer de 7. Dezember 1912 zu Péiteng, a gestuerwen de 5. November 1969 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2]