Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Uebstbam. Fir lymphateschen Organen, kuckt wgl. Mandelen (Anatomie).
D'Mandelbeem kommen ursprénglech aus Zentral- a Südwestasien an Nordafrika.[3] 2007 hunn d'USA zirka 1.043.000 t Mandele produzéiert (déi 1. Plaz).[4]
Et ass e Lafholzbamm de seng Blieder am Wanter verléiert. D'Blieder sinn donkelgréng, 8 bis 12 cm laang, lanzettefërmeg gespëtzt, mat ganz klengen Zänn um Bord a se si liicht blénkeg. D'Bléie sti schosselfëmerg um blanken Aascht, a bilden eng Coupe vu bis zu 5 cm Duerchmiesser. Se kënnen eenzel sinn oder duebel a si rosa oder wäiss. D'Varitéit Roseplena huet nemmen duebel a rosa Bléien. D'Fruucht ass 4 – 6 cm laang, eefërmeg, mat enger samettgrénger Haut, mat bannendran enger iessbarer Mandel.