Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lúcia dos Santos
Pseudonym
Irmã Lúcia, Maria Lúcia de Jesus e do Coração Imaculado
Fátima, ongeféier 125 Kilometer nërdlech vun der portugisescher Haaptstad Lissabon, ass weltwäit mat dem franséische Lourdes eng vun deene wichtegsten Pilgeruertschafte ginn, déi all Joer Millioune vu gleewege Katholicken unzitt.
Erscheinungen
Den 13. Mee1917, et war matzen am Éischte Weltkrich, hunn dräi Kanner, d'Lucia dos Santos Jesus 10 Joer, hire Koseng Francisco Marto († 1920), 9 Joer, an hir KusinJacinta Marto († 1919), 7 Joer, e klengen Trapp Véi op der Cova da Iria enger Kaul an der Gemeng Fátima gehitt, der haiteger Diözees Leiria-Fátima.
Wéi d'Kanner erzielt haten, hätten se ëm Mëtteg e grellt Liicht gesinn. Si hätten et fir e Blëtz gehalen an sech aus Angscht, et kéim zu engem Donnerwieder, op de Wee no Heem gemaach. Ënnerwee hätten se nach sou e grell Liicht gesinn an doran eng schéi Fra an engem wäisse Kleed, méi hell wéi d'Sonn, déi de Kanner versprach hätt, se nach fënnefmol ze besichen, ëmmer den 13. am Mount. Bei dësen "Erscheinungen" war et nëmmen d'Lucia, dat sot, et hätt d'Gestalt net nëmme gesinn, mä och héieren, wat déi gesot hätt an hat hätt hir kéinten äntweren. D'Jacinta hätt se just kënnen héieren an de Francisco hätt se nëmme kënne gesinn.
Déi dräi Messagen
D'Reaktioun vun der kathoulescher Kierch
D'Publikatioun vun de Messagen
D'Lucia dos Santos an hiert spéidert Liewen
Am Juni 1921 ass d'Lucia dos Santos an en Heim zu Vilar bei Porto agetrueden, dat vun Nonne vun der Helleger Dorothea gefouert gouf. Kuerz drop ass se op Tuy geplënnert, wou se hire spéideren Numm ugeholl huet. Den 3. Oktober1928 huet se do hiert zäitlecht Gelübd ofgeluecht an den 3. Oktober1934 hiert éiwegt.
D'Lucia dos Santos hat als Schwëster Maria Lúcia vum Onbefleckten Häerz zanter dem 25. Mäerz1948 am Karmeliterklouschter vun der Helleger Theresia zu Coimbra gelieft, an ass do den 13. Februar 2005 gestuerwen.