D'Léonie de Jonge, gebuer de 7. Januar 1990 zu Ettelbréck, ass eng lëtzebuergesch Politologin a Basketballspillerin[1].
Basket
Vun 2009 bis 2015 war d'Léonie de Jonge am Kader vun der lëtzebuergescher Dammebasketballnationalekipp, an huet 16-mol fir d'Nationalekipp gespillt[1].
Akadeemesch Karriär
Iwwer eng Studiebourse huet si zwee Joer um Junior College zu Devil's Lake am North Dakota studéiert a Basket gespillt. Dono huet si um Cornell College am Iowa, a vun 2014 zu Cambridge an England studéiert, wou si 2015 hire Master an 2019 hire PhD gemaach iwwer d'Hannergrënn, firwat a verschiddene Regiounen oder Staate vum Benelux riets-populistesch Parteien ënnerschiddlech staark sinn (The Success and Failure of Right-Wing Populist Parties in the Benelux Countries, 2019).[2]
Si ass Assistent-Professesch op der Universitéit Groningen.[3]
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 http://archive.fiba.com/pages/eng/fa/player/p/pid/51649/pid2//sid/6340/tid/320/tid2//_/2009_EuroBasket_Women_DIVISION_B/index.html
- ↑ Bernard Thomas: "Cordon sanitaire." d'Lëtzebuerger Land, 25.06.2021 (och op land.lu; gekuckt: 15.11.2011).
- ↑ CV op rug.nl, gekuckt 2021-11-15.