Mam Gesetz vum 13. Juni 2013[1] gouf de Klierfer Lycée geschaf an e gouf 2016[2] nom lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf Edward-Steichen genannt.
De Grondstee fir de Lycée gouf den 11. Mee 2015 geluecht[3] an en huet seng Diere fir d'Rentrée 2018/19 op gemaach. Den 21. Juni 2019 gouf en offiziell ageweit.[4] En huet Plaz fir eng 800 Schüler[5], et gëtt awer scho Pläng fir en eventuellen Ubau fir zousätzlech 400 Schüler[5].
Mam Gesetz vum 13. Juli 2018 gouf och en europäesche Programm am Kader vun enger École européenne agréée agefouert, deen ënnert dem Numm « École internationale Edward Steichen - Clervaux » funktionéiert. D'europäesch Schoul steet ënnert der Direktioun vum Lycée[8].
An der europäescher Schoul gëtt follgend Offer ugebueden[9]:
den Zyklus vun zwee Joer an der Fréipedagogik « early education » fir Kanner vu véier bis fënnef Joer;
de fënnef-järegen Zyklus vum europäesche Primärunterrecht fir Kanner vu sechs bis zéng Joer;