De MaréchalLouis François Armand de Vignerot du Plessis, Herzog vu Fronsac a spéider Herzog vu Richelieu (1715), Prënz vu Mortagne, Marquis vum Pont-Courlay, Grof vu Cosnac, Baron vu Barbezieux, Coze a Saugeon, Pair de France, ass den 13. Mäerz1696 zu Paräis op d'Welt komm an den 8. August1788 gestuerwen.
Aus der Famill vum grousse Kardinol Richelieu war de Louis François Armand de Vignerot du Plessis e Bouf vum Louis XIV. an der Herzogin vun der Bourgogne. Hie war dräimol bestuet. Fir d'éischt hat hie sech den 12. Februar1711 mat der Anne de Noailles (†1716) bestuet. De 7. Abrëll1734 huet hie sech mat der Élisabeth vu Loutrengen-Harcourt (†1740) bestuet, mat där hien zwee Kanner hat:
Jeanne Sophie Elisabeth Louise Armande Septimanie de Vignerot du Plessis (1740-1769) (Gräfin Casimir Pignatelli).
Am Alter vu 84 Joer huet hie sech 1780 fir d'drëtt bestuet, mat der Jeanne de Lavaulx.
De "franséischen Alkibiades" huet sech en Numm duerch seng amouréis Aventuren a seng Dueller gemaach, duerch déi hie 14 Méint an der Bastille verbruecht huet, wéi e jonk war. Duerno hat hien nach e puer Kuerzopenthalter am Paräisser Prisong, eemol wéinst engem Duell am Joer 1716 an eng aner Kéier den 20. Mäerz1719 duerch d'Verschwörung vum Cellamare. D'Ukloe géint hie waren dermoosse schwéier, datt de Regent Philippe vun Orléans deklaréiert huet: « Si M. de Richelieu avait quatre têtes, j'aurais dans ma poche de quoi les faire couper toutes les quatre... ». Op d'Biede vu senger Duechter, der Mlle de Valois, déi an de Maréchal verléift war, huet de Regent hien nees fräi gelooss, mä seng Duechter huet him misse verspriechen, hien net ze bestueden.
Duerch d'Protektioun vun der Marquise de Prie, gouf de Maréchal Richelieu Ambassadeur zu Wien (1725-1729) an duerno zu Dresden. Hei konnt hie sech als gudden Diplomat beweisen.
Am Joer 1743 gouf hien zum Premier gentilhomme de la Chambre ernannt, an am Joer 1755 Gouverneur vun der Guyenne wou hien d'Wäiner vu Bordeaux kennen a schätze geléiert huet.
Als muddege Krichsmann huet hie sech a ville Campagnen tëscht 1733 a 1758 ausgezeechent, an huet eng decisif Roll an der Schluecht vu Fontenoy gespillt (1745). 1748 gouf hie Maréchal de France.
Als brillante Courtisan hat hien e groussen Afloss op de Louis XV. bis zu der Madame de Pompadour, déi hie vum Kinnek ewechkritt, ouni en awer ganz ze diskreditéieren.