Lotty Jacoby
| Lotty Jacoby | |
|---|---|
| Gebuer |
5. November 1940 Eech |
| Gestuerwen |
17. Juli 2021 Heeschdref |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Lycée Robert-Schuman |
| Aktivitéit | Uerdensschwëster, Schrëftstellerin |
|
| |
D'Lotty Jacoby, gebuer de 5. November 1940 zu Eech, a gestuerwen de 17. Juli 2021 zu Heeschdref, war eng lëtzebuergesch Uerdensfra a Schrëftstellerin.
Liewen
D'Lotty Jacoby ass zu Dummeldeng an d'Primärschoul gaangen an huet 1959 am Stater Meedercheslycée hir Première gemaach. Si huet duerno um Institut pédagogique zu Lëtzebuerg studéiert an hiren Diplom als Léierin gemaach.
Duerno huet si an Institutioune geschafft, an deene verhalensopfälleg Meedercher betreit goufen. 1964 huet si hiert zweejäregt Noviziat bei de Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne gemaach.
Vun 1969 bis 1970 huet si eng Ausbildung an der Pastoralpsychologie gemaach an eng Rei Weiderbildunge fir Gespréichs- a Gruppeleedungen. Bis 1978 war si Léierin am Éislek an duerno a Schoulen an Altersheimer vun hirer Kongregatioun.
An de Joren 2008 bis 2010 huet si sech an der Konschttherapie op der Uni Lëtzebuerg weidergebilt. Bis 2014 huet si Poesie-Atelieren a Coursen iwwer de sproochlechen Ausdrock vun Emotioune geleet.
Literarescht Wierk
D'Lotty Jacoby huet Gedichter an Däitscher, Franséischer a Lëtzebuergesch Sprooch geschriwwen, déi an der Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton, an och an e puer einfache Bicher (Rénghefter) publizéiert goufen. An hire Wierker huet si sech haaptsächlech mat de Joreszäiten, der Natur an dem perséinlechen a gesellschaftleche Liewe beschäftegt.
Hir franséisch Gedichter sinn an der Reegel ouni Reim, déi lëtzebuergesch dacks mat Reim a rhythmesch strukturéiert. Déi däitsch Gedichter kéint een als Prosagedichter charakteriséieren.
Wierker (Auswiel)
- Jacoby, L. (2014). Aus Freed un eiser Sprooch. Ettelbrück, [L. Jacoby].
- Jacoby, L. (2016). Flutwellen : Texte zu verschiedenen Wandlungszeiten. Ettelbruck, L. Jacoby.
- Jacoby, L. (2016). Freed un der Sprooch. Ettelbruck, L. Jacoby.
- Jacoby, L. (2016). Klangspiele : Texte zu verschiedenen Lebenszeiten. Ettelbruck, L. Jacoby.
- Jacoby, L. (2016). Spiegelbilder : Texte zu verschiedenen Jahreszeiten. Ettelbruck, L. Jacoby.
- Jacoby, L. (2016). Vivre. Ettelbruck, L. Jacoby.
Literatur
- Weirich, Guy: Sehnsucht nach Verwandlung. Ein Annäherungsversuch an Lotty Jacobys deutschsprachige lyrische Texte, in: nos cahiers 47(2026), H. 1, S. 25-42
Quellen
- wou net anescht uginn: Marson, Pierre: Lotty Jacoby, op www.autorenlexikon.lu
- Wierker: www.a-z.lu
Um Spaweck
Referenzen an Notten
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
