D'Loftfaart, och Fligerei, Aviatioun, oder Aeronautik, ass den Transport vu Material oder Liewensmëttel an der Loft ouni Verbindung mat der Äerduewerfläch. De Begrëff ëmfaasst all d'Persounen, d'Entreprisen, d'Aktivitéiten an Deelgebidder (och um Buedem), déi mam Betrib vu Fligerem zesummenhänken.
D'Bezeechnung "Loftfaart" gouf am 19. Joerhonnert an Uleenung un d'Séifaart gepräegt. Dat huet sech bis haut doran erhalen, datt fir Loftschëffer d'Verb "fueren" benotzt gëtt. De Begrëff Aeronautik (fr: aéronautique, en: aeronautics) staamt och aus der Zäit vun de Loftschëffer (zum Beispill Ballonen oder Zeppelinen).
Geleeëntlech gëtt d'Wuert Aviation (mat englescher Aussprooch) als Friemwuert am Däitsche benotzt; zum Beispill bezeechent sech d'Lufthansa als „Aviation-Konzern“.[1]
Ënnerscheed no Asaz
Et ënnerscheet een zwéi Beräicher resp. Aarte vu Loftfaart:
D'geschäftsméisseg Loftfaart mécht de reegelméissegen, ëffentlechen a kommerzielle Loftverkéier resp. Charter- a Geleegenheetsverkéier.
D'Allgemeng Loftfaart regruppéiert de private Loftsport, kommerziell Geschäftsflich awer och Flich mat spezieller Uweisung, beispillsweis Flich vun der Polizei oder der Loftrettung.
Den Undeel vum Fluchverkéier an de weltwäiten CO2-Emissioune vum Verkéier war no Ausso vun IPCC am Joer 1999 ongeféier 12 %. Den Undeel un alle globalen CO2-Emissiounen ass ronn 2,4 %.
Den Undeel vun der Loftfaart am weltwäite vum Mënsch verursaachten Deel beim Zäreneffet ass no der IPCC-Studie vun 1999 zirka 3,5 %.[2]
Herbert Groß: Luftfahrt-Wissen. Von den Grundlagen bis zur Pilotenlizenz. 2. Auflage. Motorbuch, Stuttgart 2005. ISBN 3-613-02378-4 (Inhaltsangabe).
Helmuth Trischler, Kai-Uwe Schrogl (Hrsg.): Ein Jahrhundert im Flug. Luft- und Raumfahrtforschung in Deutschland 1907–2007. Campus, Frankfurt am Main u. a. 2007, ISBN 978-3-593-38330-9.