De Litauesche Litas gouf den 2. Oktober 1922 offiziell als Nofollgerwärung vun der Däitscher Ostmark agefouert. Nodeems Litauen am Abrëll 1940 un d'Sowjetunioun ugegliddert gouf, gouf de Litauesche Litas duerch de Rubel ersat.
1993 bis 2014
Scho virun der Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun gouf d'Litauesch Staatsbank erëm gegrënnt, fir de Litauesche Litas als Prioritéit vun der zweeter Republik anzeféieren. Eréischt 1993 gouf de Litauesche Litas als Wärung agefouert, nodeems vun 1990 bis 1992 d'Iwwergangswärung Talonas déi Zäit iwwerbréckt huet.
Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 3,45280 LTL fixéiert.