Lisieux läit un dem klenge Floss Touques an ass als Sëtz vun engem Karmel eng Pilgeruertschaft ginn, déi all Joer Dausende vu Pilger unzitt. Dat verdankt se der Helleger Theresia vum Jesuskand (Sainte Thérèse de l'Enfant Jésu). No hirem Doud am Joer 1897 huet sech hir Veréierung an engem ongewéinlech séieren Tempo verbreet. 1923 gouf se séileg a schonn zwee Joer duerno helleggesprach. Hir ass déi tëscht 1929 an 1937 gebauten neiromanesch Basilika gewidmet.
Zur Réimerzäit huet Lisieux Noviomagus Lexoviorum geheescht.
Kuckeswäertes
Kathedral Saint-Pierre vu Lisieux (gothesch)
Basilika Sainte-Thérèse vu Lisieux (romano-byzantinesche Stil vum 20. Joerhonnert)
De Carmel a besonnesch d'Kapell vum Carmel-Klouschter
Les Buissonnets, Déi fréier Proprietéit vum M. Martin, dem Papp vun der Helleger Theresia (wou si virum Antrëtt an d'Klouschter gelieft huet)
Fotoalbum vu Lisieux
Statu vun der Helleger Theresa virun der Kapell vum Carmel
Schräin mat de Reliquie vun der Helleger Theresa an der Kapell vum Carmel