D'Hären, spéider Grofe vu Ligny waren am Mëttelater d'Häre vum Fief Ligny-en-Barrois. 1240 huet den Henri II. vu Bar senger Duechter Marguerite d'Herrschaft iwwer Ligny-en-Barrois als Dott gi fir hiert Bestietnes mam Heinrich V. vu Lëtzebuerg.
1364 gouf d'Herrschaft zu enger Grofschaft erhuewen, an ass am Haus Limburg-Lëtzebuerg a sengen Nofollger bliwwen (mat enger Ënnerbriechung 1476–1510) bis 1719, wéi d'Grofschaft un den Herzog vu Loutrengen verkaf gouf.