Ligne de vie ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Christophe Wagner aus dem Joer 2002.
Ëm wat geet et am Film?
De Film portraitéiert 4 Leit - e Mann, eng jonk Fra, eng Koppel - an hirem schwéieren Equiliber tëscht "normalem" Liewen an Ofrutschen an d'Marginalitéit (se sinn alle véier drogenofhängeg).
Soss
De Film war dem Christoph Wagner säin éischte Film nom Studium a gouf tëscht Januar a Juni 2001 gedréint. Am Ganze goufe 50 Stonne Filmmaterial opgeholl.[1][2]
Bei der Presentatioun vum Documentaire gouf och e fiktionale Kuerzfilm vum Christoph Wagner, Un combat, gewisen.[1]
De Film gouf op VHS-Kassette verëffentlecht.[1]
Wat gouf driwwer geschriwwen?
Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]
"Christophe Wagner réussit le défi difficile de se glisser dans l'intimité des gens qu'il observe, dans leur vie, pour les montrer de l'intérieur, sans pour autant les trahir. [...] Il ne démontre pas, il montre - et c'est la grande qualité de son film."
Viviane Thill, Forum N° 222:
"Sur un sujet difficile, celui de la misère sociale au Luxembourg, Christophe Wagner a réussi un film convaincant et touchant, parfois révoltant et souvent dur, qui laisse toujours le spectateur libre de l'attitude qu'il choisira d'adopter vis-à-vis des protagonistes."
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 land.lu: De la dignité vum Josée Hansen (24. Oktober 2002)
- ↑ Obdachlosegkeet zu Letzebuerg: Treffen mam Christophe Wagner (ondatéiert; gekuckt de 14. Dezember 2021)