Liberalismus ass kee kloert Konzept. Dacks gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht dem politesche Liberalismus, vun deem de brittesche Philosoph John Locke de bekanntste Vertrieder ass, an dem wirtschaftleche Liberalismus, dee mam schotteschen Ekonomist a Philosoph Adam Smith ugefaangen huet. De wirtschaftleche Liberalismus betount virun allem d'Fräiheet vum ekonomesche Maart, wärend de politesche Liberalismus haaptsächlech d'Fräiheet an d'Rechter vum Mënsch betrëfft.
Am Laf vun der Geschicht sinn déi zwou Variante vum Liberalismus dacks a Konflikt matenee geroden - zum Beispill wann argumentéiert gouf, datt d'Fräiheet vum Maart d'Fräiheet vum Mënsch géif limitéieren. Am Allgemengen huet sech de Liberalismus an de verschiddene Länner an iwwer déi verschidde Periode ganz ënnerschiddlech entwéckelt, an et gëtt vill verschidde Variatioune vum Liberalismus mat aneren Interpretatiounen. Trotzdeem hunn déi ënnerschiddlech liberal Stréimunge bestëmmt Theeme gemeinsam: de Glawen an d'Gläichberechtegung an an déi individuell Fräiheeten (zum Beispill Glawens- a Meenungsfräiheet); d'Ënnerstëtzung vum Privatbesëtz an engem begrenzte Rechtsstaat; d'Wichtegkeet vu Wäerter wéi dem Pluralismus, der Toleranz an der Souveränitéit vum Vollek. Aner liberal Charakteristike sinn de Respekt vun de Grondsätz, déi de Rechtsstaat kennzeechnen; eng kapitalisteschMaartwirtschaft; d'Betoune vun der Roll vun der Zivilgesellschaft; fräien internationalen Handel; d'Séchere vum Fridden op der Welt duerch d'Mediatioun an d'Interventioun vun internationalen Organisatiounen (wéi de Vereenten Natiounen).