Leader ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun fir d'Fërderung vun der Entwécklung vum ländleche Raum. De Kierzel steet fir "Liaisons entre actions de développement de l'économie rurale".
D'Leader-Approche encouragéiert d'Bevëlkerung an hir Vertrieder a Veräiner a Gemenge fir sech Gedanken iwwer d'Entwécklungspotential vun hirem Gebitt ze maachen an hir Schlussfolgerungen a Form vun Entwécklungsprojeten ëmzesetzen. Idealerweis geschitt dat am Kader vu Partnerschaften tëscht verschiddenen Acteure vun der ländlecher Entwécklung wéi z. B. Vertrieder vu soziokulturelle Vereenegungen a Representanten aus Tourismus, Wirtschaft, Schoulwiesen an aus der lokaler a regionaler Politik. Haaptziler sinn dobäi d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit an d'Diversifizéierung vun der regionaler Ekonomie.
Follgend Elementer spillen an der Leader-Initiativ eng wichteg Roll:
Ausschaffe vun enger multisektorieller Entwécklungsstrategie (business plan) fir e kloer ofgegrenzt Gebitt dat tëscht 10.000 an 100.000 Awunner huet.
Zesummestelle vu lokalen Aktiounsgruppen (ofgekierzt LAG[1]), un deene sech Partner aus dem ëffentlechen a private Secteur bedeelegen. De private Secteur muss op d'mannst mat 50 % vertruede sinn.
Bottom-up-Approche, bei där d'Iddie vun de Leit kommen an hir Ëmsetzung vun enger regionaler Partnerschaft matgedroe gëtt.
D'Projete sollen innovativ sinn.
Duerchféiere vu gemeinsame Projete mat aneren Aktiounsgruppen zu Lëtzebuerg an am Ausland.
Geschicht
D'Europäesch Kommissioun huet d'Initiativ Leader 1989 an d'Liewe geruff fir de ländleche Raum, deen am Ëmbroch war an u Bedeitung verluer huet, ze stäipen, him nei Entwécklungschancen z'erschléissen a ganz einfach en neie Wee ze probéieren. Prioritär Ziler waren d'Schafe vun neien Aarbechtsplazen an d'Verbesserung vum soziokulturelle Liewen.
Bis elo gouf et 4 Oploe vun der Initiativ:
1989-1993: Leader I
1994-1999: Leader II
2000-2006: Leader +
2007-2013: Leader
Leader zu Lëtzebuerg
Leader I
Den Ufank vun der Initiativ hunn zu Lëtzebuerg eng Handvoll Gemengen aus dem Uewersauer-Gebitt gemaach.
Tëscht 2000 an 2006 gouf d'Zilgebitt vun der Initiativ op de ganze ländleche Raum vum Land ausgeweit. 4 Leader-Gruppe konnten europäesch Hëllefe kréien:
Eng fënneft Grupp ass am Westen entstanen an ass ouni europäesch Hëllef, mä mat lokalen an nationale Mëttele finanzéiert ginn:
LAG Äischdall+ am Weste vum Guttland
Beispill vun engem bekannte Projet: Konzept an Ariichtung vun Internetstuffen a Koordinatioun vu Computer- a Sproochecoursen iwwer den Tripticon an der Regioun Norden.
Leader
Follgend lokal Aktiounsgruppen hunn am Kader vun der neier Fërderperiod en Aktiounsprogramm eraginn:
LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek
LAG Mëllerdall am Nordoste vum Guttland
LAG Miselerland am Oste vum Guttland
LAG Mamer-, Äisch- an Atertdall+ am Weste vum Guttland
Fir den Zäitraum 2007-2013 stinn de Leader-Gruppen europäesch Fërdermëttele vu 5,2 Mio. € zur Verfügung, dëst am Kader vum nationale Programm fir d'Entwécklung vum ländleche Raum[2].