D'Entwécklung vun der liichter Drorakéit hat 1965 ugefaangen, woubäi d'éischt an d'zweet Stuf vun der InterkontinentalrakéitCSS-2 (DongFeng-3) stamen. Déi drëtt Stuf mat festem Dreifstoff war eng Neientwécklung. Eng Besonneschheet war d'Zündung vun dëser drëtter Stuf. Si gouf eréischt op der Héicht vum spéidere Perigeum vun der Notzlaascht, wat zirka no 200 Sekonnen undriffsfräiem Fluch nom Brennschluss vun der zweeter Stuf de Fall war, ofgetrennt a gezünnt. An der schwéierloser Phas huet de Rescht vum Dreifstoff vun der zweeter Stuf fir d'Lagereegelung gedéngt. Déi drëtt Stuf gouf vun engem zousätzleche klenge Rakéitenundriff stabiliséiert, dee s'an eng Rotatioun vun zirka 180 Ëmdréiunge pro Minutt, versat huet. Déi éischt Versioun vun der CZ-1 gouf dräimol agesat, woubäi d'Starten ëmmer um Kosmodrom Jiuquan waren. Den éischten Asaz war feelgeschloen, wéi de 16. November1969 d'Rakéit 69 Sekonne nom Start nach a Siichtwäit vun der Startplaz erofgefall ass. Beim éischten erfollegräiche Start de 24. Abrëll1970 hat si den éischte chineesesche SatellitDong Fang Hong I an de Weltraum bruecht.[1] De leschte Start war den 3. Mäerz1971, woubäi de Fuerschungssatellit ShiJian-1 an de Weltraum bruecht gouf. Si ass dono vun den CZ-2-Rakéiten ofgeléist ginn.
An de spéidere 1990er Jore gouf als Weiderentwécklung d'CZ-1D entwéckelt an agesat. Si hat eng verbessert éischt an zweet Stuf an eng nei drëtt Stuf a konnt sou méi héich Notzlaaschte vun 800 bis 1000 kg an den äerdnoen Orbit bréngen. Si war fir kommerziell Starte geduecht, gouf awer nëmmen dräimol fir suborbital Flich bei Tester vun Neesantrëttkierper agesat. Den éischte Start war den 29. Mee1995, dee leschte Start war den 3. Januar2002 a war e Feelschlag.