La grande frousse oder och La cité de l'indicible peur ass e franséische Film vum Jean-Pierre Mocky aus dem Joer 1964 nom Roman La cité de l'indicible peur vum Jean Ray.
Ëm wat geet et am Film?
D'Inspekteren Triquet a Virgus sinn a klenge franséischen Dierfer op der Sich no engem Verbriecher deen aus dem Prisong ausgebrach ass.
Soss
• La grande frousse war den Titel vum gekierzte Film wéi hien an d'Kinoe koum. Am Joer 1972 huet de Jean-Pierre Mocky de Film erëm a senger ganzer Längt an och mam original geplangten Titel La cité de l'indicible peur nei erausbruecht.
• De Film gouf zu engem groussen Deel zu Salers an der Auvergne gedréint.
Um Spaweck