La Confrérie des larmes ass eng franséisch-lëtzebuergesch-belsch Koproduktioun vum franséische Regisseur an Dréibuchauteur Jean-Baptiste Andrea. Den Thriller koum den 9. Oktober 2013 a Frankräich an d'Kinoen.
Ëm wat geet et am Film?
De Gabriel léisst sech vun enger mysteriéiser Organisatioun engagéieren, fir eng Malette vun engem Land an en anert ze bréngen. Natierlech däerf en ënner kengen Ëmstänn wëssen, wat dran ass, bis enges Daags d'Malette geklaut gëtt, an et dofir en Doudege gëtt...