L'amour, oui! mais... ass e franséisch-lëtzebuergesche Film vum Philippe Schneider aus dem Joer 1970. De Film hat seng lëtzebuergesch Première den 11. September 1970 am Ciné Marivaux.
Dem Républicain Lorrain no hätt de Film an nëmmen aacht Deeg 5.000 Spectateuren ugezunn.
Ëm wat geet et am Film?
De Film erzielt d'Geschicht vun engem Hotelier, dee vun Zäit zu Zäit kuckt, wat seng Clienten an hiren Zëmmere maachen.
Triviales
- D'Aarbechtstitele vum Film waren Martha et l'amour a Les confidences d'un patron d'hôtel.
- 1970 ass en ënner dem Titel Love Life in Luxembourg erauskomm
- De belschen Titel war: L'amour dans la peau
- Den däitschen Titel: Sekretärinnen-Report, 2. Teil
Kuckt och
Quellen