Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Lëtzebuerger Nationalitéit kann een op Basis vum Nationalitéitegesetz vum 8. Mäerz 2017[1] d'Office hunn oder se duerch verschidde Bestëmmunge vum Gesetz kréien, wann een déi néideg Konditiounen déi dofir virgesi sinn, erfëllt.
Lëtzebuerger Nationalitéit duerch d'Gesetz
Ofstamung
E Kand, vun deem bei der Gebuert op d'mannst een Elterendeel selwer Lëtzebuerger ass, huet déi Lëtzebuerger Nationalitéit.
E Mannerjärege kritt och d'Lëtzebuerger Nationalitéit wann e groussjäregen Elterendeel d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, entweeder eleng duerch den Effekt vum Gesetz, duerch Naturalisatioun, duerch Optioun, duerch Recouvrement oder duerch Adoptioun.
Adoptioun
E Mannerjärege kritt d'Lëtzebuerger Nationalitéit entweeder wann:
e vun engem Lëtzebuerger adoptéiert gëtt;
en Adoptivelterendeel duerch Naturalisatioun, Optioun oder Recouvrement Lëtzebuerger gëtt;
e vun engem apatriden Adoptivelterendeel, dee legal zu Lëtzebuerg wunnt, adoptéiert gëtt;
e vun auslänneschen Adoptivelteren, déi legal zu Lëtzebuerg wunnen, adoptéiert gëtt, virausgesat, datt hie seng Nationalitéit duerch d'Adoptioun verluer huet an datt d'Applikatioun vu kengem auslännesche Gesetz him et erlaabt, d'Nationalitéit vun engem Adoptivelterendeel ze kréien oder datt e keng vun deenen Nationalitéiten unhuele ka wann en net an deem betraffene Land wunnt;
een Elterendeel d'Lëtzebuerger Nationalitéit op Basis vun engem vun de Punkten 1–4 hei driwwer kritt.
Gebuert zu Lëtzebuerg
E Mannerjäregen deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf, kritt d'Lëtzebuerger Nationalitéit wann een auslänneschen Elteren- oder een Adoptivelterendeel och zu Lëtzebuerg gebuer ass.
E Mannerjärege kritt d'Lëtzebuerger Nationalitéit entweeder wann:
en zu Lëtzebuerg gebuer ass an e keng auslännesch Nationalitéit kréie kann, well seng Elteren Apatride sinn;
en zu Lëtzebuerg vun Net-Lëtzebuerger Eltere gebuer ass, virausgesat, datt d'Applikatioun vu kengem auslännesche Gesetz him et erlaabt, d'Nationalitéit vun engem Elterendeel ze kréien oder datt e keng vun deenen Nationalitéiten unhuele kann, wann en net an deem betraffene Land wunnt;
en zu Lëtzebuerg vu gesetzlech onbekannten Eltere gebuer ass; bei engem Mannerjäregen, deen um Lëtzebuerger Territoire fonnt gëtt, geet een dovun aus, datt en zu Lëtzebuerg gebuer gouf.
Jiddereen, deen am Grand-Duché gebuer ass, kritt d'Lëtzebuerger Nationalitéit wann e groussjäreg gëtt, virausgesat datt:
en direkt virun deem Ament wou e volljäreg gouf, op d'mannst fënnef Joer laang hannerenee legal zu Lëtzebuerg gewunnt a sech reegelméisseg do opgehalen huet; an
ee vu sengen net-lëtzebuergeschen Elteren oder Adoptivelteren direkt virun der Gebuert fir op d'mannst zwielef Méint hannerenee legal zu Lëtzebuerg gewunnt a sech reegelméisseg do opgehalen huet.
Wann ee virun engem bestëmmten Datum zu Lëtzebuerg gebuer ass, ass ee Lëtzebuerger.
Zäitpunkt
Lëtzebuerger, wann ee virum … gebuer ass
2017
19. Abrëll 1939
…
…
2024
19. Abrëll 1946
2025
19. Abrëll 1947
2026
19. Abrëll 1948
2027
19. Abrëll 1949
…
…
De facto Status
D'Lëtzebuerger Nationalitéit gëtt och duerch de sougenannten de facto Status ((fr)possession d'état,(de)Besitz des Standes[2]) unerkannt, dat heescht, déi Situatioun an där eng Persoun reell mengt, datt si Lëtzebuerger ass an och esou handelt, ouni datt s'et ass. Den de facto Status als Lëtzebuerger Staatsbierger kritt een duerch d’Ausübe vun de Rechter, déi mat dësem Status verbonne sinn.
Fräiwëlleg Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
Ënner bestëmmte Konditioune kann eng Persoun mat enger auslännescher Staatsbiergerschaft déi lëtzebuergesch Nationalitéit fräiwëlleg unhuelen, entweeder duerch Naturalisatioun (Abiergerung), Optioun oder Nees-Abiergerung ((fr)recouvrement).
Naturalisatioun (Abiergerung)
E Groussjärege kann iwwer d'Abiergerung Lëtzebuerger ginn, virausgesat, datt:
e fir op d'mannst fënnef Joer legal zu Lëtzebuerg gewunnt a sech reegelméisseg do opgehalen huet, dovun dat Joer direkt virun der Abiergerungsdeklaratioun ouni Ënnerbriechung;
e Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Sprooch huet, an datt en de Sproochentest deen am Gesetz virgesinn ass, gepackt huet; an
en entweeder de 24-stënnege Cours „Zesummeliewen zu Lëtzebuerg“ matgemaach huet oder en Examen zu deem Theema gepackt huet. A gewësse Fäll kann ee vum Cours an dem Exame fräigestallt ginn.
Ënner aussergewéinlechen Ëmstänn kann eng groussjäreg Persoun, déi Déngschter fir de Staat geleescht huet, och ouni d'Konditiounen hei driwwer agebiergert ginn. Do dernieft kann d'Regierung och proposéieren, fir enger Persoun d'Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer Abiergerung unzëerkennen.
Optioun
D'Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer Optioun ass an zéng definéierte Fäll, fir follgend Persounen, méiglech:
Groussjäreger, déi een Elteren-, Adoptivelteren- oder Grousselterendeel hunn, dee Lëtzebuerger ass oder war;
Eltere vun engem mannerjärege Lëtzebuerger;
Conjoint vun engem Lëtzebuerger oder enger Lëtzebuergerin;
Persounen déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, vun 12 Joer un;
Groussjäreger, déi op d'mannst 7 Joer zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaange sinn;
Groussjäreger, déi op d'mannst zënter 20 Joer legal zu Lëtzebuerg liewen;
Groussjäreger, déi d'Verflichtungen aus dem Integratiounskontrakt ((fr)contrat d'accueil et d'intégration) oder aus den Aféierungsmodullen vum Liewen zu Lëtzebuerg erfëllt hunn, déi am Kader vum Biergerpakt ((fr)pacte citoyen) fir d'interkulturellt Zesummeliewen organiséiert ginn;
Groussjäreger, déi sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, ier se 18 Joer al waren;
Groussjäreger, déi legal als Apatrid oder Refugié unerkannt goufen oder déi ënner de Status vum Internationale Schutz falen;
Fräiwëlleg Zaldoten.
Jee no Fall gëtt et nach déi eng oder aner Konditioun déi erfëllt muss sinn (Residenzklausel, Sproochentest, Cours „Zesummeliewen zu Lëtzebuerg“, …).
Recouvrement (Nees-Abiergerung)
De Recouvrement vun der Lëtzebuerger Nationalitéit ass fir Groussjäreger, déi hire Status als Lëtzebuerger verluer hunn, méiglech.
Nees agebiergert kënne ginn:
Groussjäreger, déi déi lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft verluer hunn;
Fraen, déi hir Lëtzebuerger Nationalitéit verluer hunn, well se d'Nationalitéit vun hirem Mann kruten, entweeder duerch d'Bestietnes oder well de Mann eng auslännesch Nationalitéit ugeholl huet;
Nokommen an direkter Linn vun enger Persoun, déi op den 1. Januar 1900 Lëtzebuerger war, an déi selwer oder ee vun hiren Nokommen d'lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft verluer huet. An dësem Fall ass d'Demande fir eng Nees-Abiergerung just bis den 31. Dezember 2025 méiglech.
Verweigerung vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, muss een déi jeeweileg Konditiounen erfëllen an éierbar sinn. D'Staatsbiergerschaft gëtt deemno refuséiert wann een z. B. falsch Aussoe gemaach huet, wichteg Fakte verheemlecht huet oder wann een zu Lëtzebuerg oder am Ausland zu enger Prisongsstrof vu méi wéi 12 Méint oder enger Prisongsstrof mat Sursis vu méi wéi 24 Méint verurteelt gouf.
Perte vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
D'Lëtzebuerger Nationalitéit verléiert een, wann een drop verzicht oder s'oferkannt kritt.
E Groussjärege kann op d'Lëtzebuerger Nationalitéit verzichten, virausgesat de Verzicht mécht hien doduerch net zu engem Apatrid.
Jiddereen, deen d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun, Optioun oder Nees-Abiergerung kritt huet, kann se iwwer e ministeriellen Arrêté nees oferkannt kréien, wann:
en d'Nationalitéit duerch falsch Aussoe oder Fraude kritt huet, oder wann e wichteg Fakte verheemlecht huet; oder
en d'Lëtzebuerger Nationalitéit op Grond vun enger Fälschung oder dem Benotze vun enger Fälschung, engem Identitéitsbedruch oder engem arrangéierte Bestietnes kritt huet, virausgesat datt déi betraffe Persoun vun engem Geriicht fir schëlleg fonnt gouf.
D'Oferkenne kann net gemaach ginn, wann d'Persoun doduerch Apatrid gëtt.
Wann een d'Lëtzebuerger Nationalitéit oferkannt kritt, däerf een an de fofzéng Joer duerno keng nei Demande maache fir d'lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft ze kréien.
Beweis vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
D'Lëtzebuerger Nationalitéit vun enger Persoun gëtt doduerch bewisen, datt s'entweeder e gültege Lëtzebuerger Pass, eng gülteg Lëtzebuerger Carte d'identité oder e Lëtzebuerger Staatsbiergerschaftszertifikat (Certificat de nationalité) huet. Dat gëllt esou laang, bis et anescht nogewisen gëtt.
De Certificat de nationalité ass néideg wann d'Lëtzebuerger Autoritéiten en eeschten Zweiwel iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder se kontestéieren oder wann e vun auslännesch Autoritéite gefrot gëtt.
Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen an déi weeder e gültege Lëtzebuerger Pass nach eng gülteg Lëtzebuerger Identitéitskaart hunn, kënnen hir Nationalitéit mam Certificat de nationalité noweisen.
En Zertifikat iwwer de Verloscht vun der Lëtzebuerger Nationalitéit (Certificat de perte de la nationalité luxembourgeoise) gëtt ausgestallt wann en am Kader vun enger Nees-Abiergerungs-Prozedur oder vun auslännesch Autoritéite gefrot gëtt.
Geschicht vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Literatur
Scuto, Denis: La nationalité luxembourgeoise (XIXe-XXIe siècles). Histoire d’un alliage européen, Bruxelles, Éditions de l'ULB, 2012. ISBN 978-2-8004-1523-9