Knokke-Heist ass eng belsch Gemeng an der Provënz Westflandern. Si läit um Nordmier, huet schéi Plagen an Dünen, an ass net zulescht och wéinst hiren exklusive Butteker vun Touriste staark besicht. Besonnesch Knokke selwer ass den "Nec plus ultra" vum belschen Tourismus an en Unzéiungspunkt fir Leit mat Mënz.