De Bam, deen a Privatbesëtz ass, war 2008 an nach engem relativ gesonden Zoustand, trotz dem Schued dee seng Kroun duerch Camionen, Bussen asw, an och dem Macadam dee bis un de Stamm erureecht, erlidden huet.
Dëse Bam kënnt schonn op der éischter Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg vir, eng Lëscht déi 1893 vum Forstinspekter Ernest Faber, de Pionéier um Gebitt vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg, verëffentlecht gouf. De Faber vergläicht se mat engem natierlechen Triumphbou virum Agank vun der Uertschaft.
Deemools stoung de Bam nieft der onbebauter Landstrooss. déi vu Stroossen op de Briddel gefouert huet. Zanterhier huet d'Bebauung sech laanscht d'Kifer bis bei de Waassertuerm ausgebreet, an d'Strooss fir op Stroossen, den CR181, gouf méi südlech nei ugeluecht. Zanterhier ass d'Wercollier-Strooss eng Sakgaass an domat e rouegt Wunngebitt.
Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0
Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 186-187, Text a Foto).
Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 138-139, Foto an Text).
↑Klees, H., (1983). Luxemburger Pflanzennamen (2., verb. u. erw. Aufl.. ed., Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. 8 8 0007327). Luxembourg: Linden., Nr 264