D'Kierch zu Méischdref ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
Se steet zentral am Duerf an der Strooss Um Kiesel, dem CR135, net wäit vun der Kräizung mat der N10.
Den 23. Abrëll 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
D'Schëff gouf 1852 no Pläng vum Architekt Antoine Hartmann un dee méi ale romanesche Kierchtuerm ugebaut.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).