D'Kierch zu Kéiber ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Groussbus-Wal gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lukas, deem säi Fest den 18. Oktober gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss (rue Théodore Welbes), dem CR306, nieft der Schoul. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Randschelt hunn ausser der Filialkierch vu Kéiber och nach d'Parkierch vu Randschelt, d'Kapell vun Heeschpelt an d'Filialkierch vu Gréiwels gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen