D'Kierch vu Gëtzen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerch gehéiert.
D'Patréinesch ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der rue de Windhof, zirka 80 m vun der Kräizung mam CR109.
D'Entrée
An der Fassad iwwer der Entrée steet eng Statu vum Cornelius, dee vum Mäerz 251 bis de Juni 253 Bëschof vu Roum war.
D'Wandmolerei
1947 huet de Gustave Zanter d'Apsiswänn mat monumentale Molereien dekoréiert, déi 2004 vum "Marc Theisen & Compagnie" restauréiert goufen.
Literatur
- Jean-Jacques Flammang S.C.J., Monique Lanckohr-Ries, Marianne Lauer-Kartheiser, Jos Mersch, 2007: 125 Joer Gëtzener Kierch 1880 - 2005, 48 S.
Kuckt och
Um Spaweck
Biller