D'Kierch zu Géisdref ass eng kathoulesch Kierch , déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin , zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.
Par Géisdref, zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin , zu der Pastoralregioun Norden , zum Dekanat Wolz an zu der Gemeng Géisdref gehéiert. Paschtouer Marco Wehles vun Eschduerf .
D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert.
Se steet am Zentrum vum Duerf op der Kräizung vum CR321 mat dem CR361 . Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 29. September 2021 gouf d'Kierch mam Kierfecht als nationaalt Monument klasséiert .[ 1]
Zur fréierer Par Géisdref gehéiert ausser der Parkierch vu Géisdref och nach d'Méchelskapell zu Boukels .
Geschicht
De Kierchtuerm staamt aus dem Joer 1773[ 2] (iwwer der Aganksdier ass allerdéngs d'Joreszuel 1747 agravéiert).
Dat neo-gotesch Kiercheschëff ass ëm 1870 erneiert a vergréissert ginn a gouf 1873 konsekréiert. Den Altor ass 1903 vun der Firma Theves vun Housen geliwwert ginn.
Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vu Géisdref och d'Parkierch vun der Par Géisdref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin , zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Géisdref huet ausser der Parkierch vu Géisdref och nach d'Méchelskapell zu Boukels gehéiert.
D'Uergel
D'Uergel gouf 2005 vun der Firma Karl Göckel vu Mühlhausen/Rettigheim bei Heidelberg a Baden-Württemberg gebaut.
D'Paschtéier vu Géisdref
Series pastorum an der Kierch.
1402, Johann von Heisdorf[ 3]
1452, Huard von Wiltz
1589, Hasselborn Johann
1600, Michel von Basenheim
1625, Lullingen Johann
1632, Dominik
1652, Rullingen Johann
1652-1684, Beven Dominik
1684-1701, Drauffelt Corn.
1702-1709, Wycourt Joh. Franz Wiltz
1709-1714, Crendal Joh. Wiltz
1714-1719, Sassel Corn.
1719-1722, Lambrement Aegidius Wiltz
1722-1766, Koch Andreas Wiltz
1766-1795, Schleich Corn. Joh.
1795-1804, Kettels Joh. Gregor Wiltz (Verwalter)
1804-1814, Kettels Joh. Gregor Wiltz (Pfarrer)
1814-1820, Hahn Heinrich Mecher
1820-1829, Mertens Nic. Mecher
1829-1862, Eicher Joh. Boeven
1862-1889, Hess Petr. Rippweiler
1889-1901, Majerus Joh. Waldbillig
1901-1901, Keup J.P. Weiswampach
1901-1914, Furst Friedr. Simmern
1914-1923, Brand Steph. Lullingen
1923-1934, Daubach Nic. Niederwiltz
1934-1941, Weis Jos. Holtz
1941-1953, Colling Nic. Wilwerwiltz
1953-1979, Roulling Math. Harlingen
1979-1991, Mathgen Joseph Vichten (Verwalter)
1991-2005, Wampach Ernest Perlé (Verwalter)
2005- Wehles Marco Hoscheid
Biller
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen an Notten
↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale . (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
↑ Beschreiwung vun der Kierch op der Säit vun der Par
↑ Nimm wéi uginn op dem Panneau am Agank vun der Kierch.