Patréiner vun der Par Eppelduerf ass den hellege Lambert, e fréiere Bëschof vu Léck, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt. Zanter 1738 gëtt hien an dëser Kierch veréiert.
Dat haitegt Kierchegebai staamt aus der Zäit, an där d'Herzogtum Lëtzebuerg zu Éisträich gehéiert huet. Ënner der Maria Theresia hat d'Land en ekonomeschen Opschwong erlieft. Sou gouf an de Jore 1758/59 déi al Eppelduerfer Kierch ënner der Leedung vum Steemetzer a Sculpteur Sigmund Mungenast ëmgebaut. Beim Ëmbau gouf den Tuerm vun der fréierer Parkierch an den Neibau mat agegliddert. Den Optrag koum vum Patronats- an Zéngten-Här vun Eppelduerf, dem Iechternacher AbtMichael Horman.
De lénkse Säitenaltor huet als Altorbild den Empfank vun der Maria am Himmel, vum Louis Counet (1652-1721). Et dréit d'Bild vum Wope vum Benedikt Zender, deen Abt vu 1693 bis 1717 war. D'Bild um Antependium weist den hellege Benedikt vun Nursia an der Grott vu Subiaco.
Jousefsaltor
Um Bild vum rietse Säitenaltor ass den hellege Willibrord ze gesinn; an e Wope vum Abt Willibrord Hotton (1684-1693). Um Antependium ass e Bild vun der Maria Magdalena.
Béid Antependie weisen den Numm vum Klouschterbrudder Philippus Matthei vun Iechternach.
Beichtstill
Déi véier Beichtstill goufen an der franséischer Revolutioun am Franziskanerklouschter zu Dikrech versteet an op Eppelduerf bruecht.
Priedegtstull
De Michel Rodange gëtt un, datt de Priedegtstull vun engem Öhmchen Märten aus Schilkes soll sinn. Domat kéint de Schräiner Martin Kolges vu Waldbëlleg gemengt sinn.
Uergel
Et ass en Uergelpositiv a Form vun engem Schräin. D'Instrument ass an zwéin Deeler. De Sockel ass de Gebléisdeel an driwwer ass déi eigentlech Uergel. D'Gehais an d'Bänk sinn aus massiver Eech, mat engem Gitter, dat handgeschnëtzt ass. Dat Ganzt ass mat Wuess iwwerzunn.
De Gebléissockel ass 68 cm déif an 18 cm héich. D'Uergel ass 114 cm breet, 66 cm déif a 70 cm héich.
Den Tounëmfank geet vun C - c'''. D'Transpositioun läit bei 392 - 415 - 440 - a 465 Hz.