Kierch Dippech

Kierch vun Dippech

Uertschaft / Plaz Dippech
Par Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Elisabeth
Konsekratioun 1847
Koordinaten 49° 35’ 12.2’’ N
      05° 58’ 52.6’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Dippech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Dippech gehéiert.

Den 29. September 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht

D'Kierch vun Dippech ass am Joer 1846 gebaut ginn. D'Aweiung war am Joer 1847. Patréinesch vun der Kierch ass déi helleg Elisabeth.

D'Aganksportal, de Kräizwee, den Tabernakel an d'Kräizegungsgrupp si Wierker vum lëtzebuergesche Sculpteur Albert Hames.

Déi elektronesch Uergel ass am Joer 1976 opgeriicht ginn.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kierch Dippech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).