De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Rochus, deen de 16. August gefeiert gëtt. D'Kierch dréit awer den Titel vum hellegen Haupert, deem säi Festdag den 3. November ass.[1] D'Kierch steet op der Kräizung vun der Wäistrooss (N10) mat der Kierchstrooss. De Kierfecht ass hanner der Kierch ugeluecht.
Bis zum Bau vun der Kierch am Joer 1858 haten déi zwou Kadastersektioune vum Duerf hir eege Kapell: d'Haupeschkapell an der Sektioun Bech zanter 1570, an d'Nikloskapell vu 1664 an der Sektioun Kleinmacher. Béid Kierche ware vun der Par Réimech ofhängeg.
Fir eng eege Par ze ginn kruten d'Awunner d'Erlabnes eng nei Kierch am Zentrum vum Duerf ze bauen. No Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gouf se 1858 konsekréiert. Am nämmlechte Joer gouf och de Kierfecht hanner der Kierch ugeluecht, bis dohi hunn d'Duerfbewunner missen zu Réimech begruewe ginn.[3]