D'Kierch zu Altréier ass eng kathoulesch Kierch , déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord , zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Mathias , deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zu Altréier Op der Schanz , dem CR136 /136A . Zirka 20 m hanner der Kierch steet e Waassertuerm . De Kierfecht ass zirka 60 m hanner der Kierch ugeluecht.
Se gouf den 30. August 2017 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[ 1]
Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kierch vun Altréier och nach d'Parkierch vun Hemstel , d'Kapell vun Heeschbreg , d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck
D'Kierch vun Altréier vun Norde gesinn
Referenzen
↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale . (Lescht Versioun vum 26. November 2024).