D'Kierch zu Ënnereesbech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss, der N10, mat der Strooss Am Duerf.
Zur fréierer Par Ënnereesbech huet ausser der Parkierch vun Ënnereesbech och nach d'Kapell vun Uewereesbech gehéiert.
Geschicht
Fréier war Ënnereesbech zesumme mat Iwwereesbech (Übereisenbach) an Däitschland eng eege Par déi zum Äerzbistum Tréier gehéiert huet. Den éischte Paschtouer zu Ënnereesbech war den Hubert von Stockem.
Kuckt och
Um Spaweck
-
D'Kierch vu Süde gesinn
-
Aganksportal
-
D'Kierch vun Oste gesinn