Kapell Folkendeng

Kapell vu Folkendeng
Kapell vu Folkendeng (2014)

Kapell vu Folkendeng (2014)
Kapell vu Folkendeng (2014)
Uertschaft / Plaz Folkendeng
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Mathias
Baujoer 1866/67
Koordinaten 49° 50’ 31.4’’ N
      06° 12’ 06.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Folkendeng ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.

Si steet op der Haaptstrooss, dem CR356B. De 5. Februar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zu der fréierer Par Steeën huet ausser der Kapell vu Folkendeng och nach d'Parkierch vu Steeën gehéiert.

Geschicht

An engem Visitatiounsrapport vu 1738 gouf d'Kapell als Filialkierch vun Eppelduerf ernimmt. 1808 ass d'Kapell vun der Eppelduerfer Kierchefabréck an de Besëtz vun der Steeëner iwwergaangen. Déi Zäit war d'helleg Adelgundis nach Patréinesch vun der Kapell.

Déi haiteg Kapell staamt aus de Joren 1866/67, wou d'Kapell fir en Devis vu 4900 Frang nei gebaut gouf.[2]

D'Kapell gouf am Joer 2020 entweit.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kapell Folkendeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. Bau-Verding. Kapelle von Folkendingen Der Wächter an der Sauer, 2. Mäerz 1866