Käil

Funktiounsprinzipp vun engem Käil (dem Dräieck an der Mëtt uewen), deen ee Géigestand an zwee spléckt.

E Käil ass e Kierper, bei deem zwou Säiten an eng Richtung spatz zesummelafen. Käiler ginn dacks als Geschier gebraucht, fir eppes ze splécken, oder fir Kraaft ze iwwerdroen.

E Käil ass en einfache mechaneschen Dispositif, dee gebraucht gëtt, fir e Géigestand an zwee Deeler ze splécken, zwee uneneegehefte Géigestänn ze trennen, e Géigestand op der Plaz ze halen, oder e Géigestand unzehiewen, andeems d'Kraaft déi u senger Extremitéit applizéiert gëtt an eng senkrecht a mat méi engem grousse Modul Kraaft ëmgewandelt gëtt. Wat de Wénkel vum Käil méi kleng ass, desto méi grouss ass déi resultéierend Kraaft.

Och Schneidgeschier, wéi de Beil an d'Messer a Verbindungselementer wéi den Nol an d'Schrauf berouen op dem Prinzip vum Käil.

De Käil ass eng vun den einfache Maschinnen.


Commons: Käiler – Biller, Videoen oder Audiodateien