Jóhanna Sigurðardóttir

Jóhanna Sigurðardóttir
Gebuer 4. Oktober 1942
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Verzlunarskóli Íslands
Aktivitéit Politiker, Fluchbegleeder

D'Jóhanna Sigurðardóttir[1] [jouːhanːa 'sɪːɣʏrðartouhtɪr], gebuer de 4. Oktober 1942 zu Reykjavík, ass eng islännesch Politikerin a fréier Gewerkschaftlerin.

Si war vum 1. Februar 2009 bis den 21. Mee 2013 Premierministesch an Island, fir d'éischt an enger Minoritéitsregierung, dunn, no de Parlamentswale vum 26. Abrëll 2009, an enger Majoritéitsregierung aus der sozialdemokratescher Allianz an dem Lénks-Grénge Bündnes. Hire Virgänger Geir Haarde hat missen am Kontext vun der Finanzkris 2007/2008 zerécktrieden. Nofollger gouf de Sigmundur Gunnlaugsson.

1962 bis 1971 war d'Jóhanna Stewardess bei der Icelandair, wou si sech gewerkschaftlech engagéiert huet. Duerno huet si als Privatemployée geschafft a war och do gewerkschaftlech aktiv. 1978 gouf se an den Althing, d'islännescht Parlament, gewielt, wuer si bis ewell, als Member vun der islännescher sozial-demokratescher Partei, ëmmer nees erëmgewielt gouf.

Tëscht 1987 an 1994, an dann nees vun 2007 bis Januar 2009 war si Sozialministesch a 5 Regierungen. Duerno war si bis 2013 Premierministesch.

D'Jóhanna Sigurðardóttir war bestuet an huet 2 Kanner. Zanter 2002 lieft si an engem Partenariat mat der Schrëftstellerin a Journalistin Jónína Leósdóttir.

Um Spaweck

Commons: Jóhanna Sigurðardóttir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. An Island ginn d'Leit gewéinlech ënner hirem Virnumm identifizéiert, gefollecht vum Patronym, dat heescht dem Virnumm vum Papp (méi seelen der Mamm), un deem seng Genitivform -son oder -dóttir ("Jong/Duechter vum") drugehaange gëtt. An deem heite Fall gëtt sech dofir op d'Premierministesch als Jóhanna bezunn. D'Sonnerzeechen "ð" kann duerch "d" ersat ginn.