De Saramago koum aus einfache Verhältnesser an huet sech a Bibliothéike selwer an d'portugisesch Literatur eragelies. Hien huet als Journalist an Iwwersetzer geschafft, a war bis 1949 Employé bei der Sozialhëllef. No senger éischter Novelle, Terra do Pecado (1947), an enger zweeter déi net publizéiert gouf, huet hie bal 20 Joer net méi geschriwwen.
1966 koum säin éischte Gedichtsband, Os Poemas Possíveis, eraus, an 1970 säin zweeten, Provavelmente Alegria. 1967/1968 huet hie Literaturkritike geschriwwen, déi 1971 an 1973 als Bicher ënner den Titelen Deste Mundo e do Outro an A Bagagem do Viajante: crónicas publizéiert goufen.
1969 ass hien der deemools verbuedener Kommunistescher Partei vu Portugal bäigetrueden, an 1975, no der Oeillets-Revolutioun, war e Chefredakter-adjoint vum Diário de Notícias. Hien huet déi Plaz awer verluer, wéi déi biergerlech Parteien un d'Muecht koumen, an huet vun do u virun allem literaresch Wierker geschriwwen.
1980 hat en e grousse Succès mam RomanLevantado do Chão, an deem et ëm d'Liewe vun de Baueren am Alentejo geet, déi no joerhonnertelaanger Ausbeutung, zulescht no der klerikalfaschistescher Diktatur, endlech, no der Oeillets-Revolutioun eng Hoffnung haten, "vum Buedem opgestanen" (levantado do chão) kënnen ze liewen.
1982 hat e säin internationalen Duerchbroch mam blasphemesch-humoristesche Libesroman Memorial do Convento, deen am Portugal vum 18. Joerhonnert spillt. Duerno huet de Saramago verschidde Gedichter, Novellen, Romaner an Theaterstécker erausbruecht.
1991 koum säi Roman O Evangelho Segundo Jesus Cristo eraus, dee vun der kathoulescher Kierch als "blasphemesch" verdaamt gouf.
De Saramago huet eng ganz Rëtsch portugisesch an international Literaturpräisser kritt, dorënner de Prémio Camões an 1998 den Nobelpräis fir Literatur, an och Éierendoktertitele vu verschiddenen Universitéiten. De portugisesche Literaturpräis Prémio José Saramago ass no him genannt ginn.
Wierk
Lyrik
Os Poemas Possíveis. Portugália Ed. 1966, Ed. Caminho, 1982
O Conto da Ilha Desconhecida. Assírio&Alvim, 1997 ((de)Die Geschichte von der unbekannten Insel. ISBN 3-498-06335-9, zweisprachige Ausgabe ISBN 3-925203-98-2)