Seng grouss Leeschtung besteet an der Verbindung vun exakter wëssenschaftlecher Aarbecht an hirer praktescher Uwendung fir nei innovativ Produkter. Mat där Denkweis gouf de Joseph von Fraunhofer zum Virbild vun der haiteger Fraunhofer-Gesellschaft, där hien den Numm ginn huet.
Liewen a Wierken
De Joseph Fraunhofer gouf als 11. Kand vun engem Glasmécher zu Straubing gebuer. Well seng Eltere gestuerwe waren, wéi hien eréischt 11 Joer al war, gouf hie vu sengem Momper an eng sechsjähreg Spigelschläiferléier op München geschéckt. Do hat hien 1801 den Zesummebroch vum Haus vu sengem Léierhär iwwerlieft. No senger Léier ass hien 1806 als Optiker an d'Mathematesch-Mechanescht Institut vu Reichenbach, Utzschneider & Liebherr agetrueden. Dat Institut war vum Erfinder Georg Friedrich von Reichenbach an dem Auermécher J. Liebherr 1802 fir d'Produktioun vun astronomeschen a geodeteschen Instrumenter gegrënnt ginn. De GeheimratJoseph von Utzschneider huet d'Institut subventionéiert.
Den opteschen Atelier gouf 1807 op Benediktbeuern verluecht, wou de Fraunhofer Wierksmeeschter gouf. Do huet hien nei Schläifmaschinnen a Glaszorte fir optesch Glieser (schlierefräit Flintglas), déi d'Ofbildungsqualitéit vu Lënsen entscheedent verbessert hunn. Vun 1814 u ware Fraunhofer an Utzschneider eenzeg Besëtzer vum elo selbstännegen Opteschen Institut. Eng fir d'Astronomie bedeitend Erfindung ass an deem Zesummenhank dem Fraunhofer seng Verbesserung vum achromateschen Doublet, dat e puer Joer virdrun an England erfonnt gi war.
Onofhängeg vum William Hyde Wollaston huet de Fraunhofer 1814 déi no him genannt Fraunhoferlinn am Sonnespektrum entdeckt. Hien huet och 1814 d'Spektroskop erfonnt. Ausserdeem huet hien als éischten Experimenter fir Krëmmung vum Liicht un optesche Gitter gemaach (Fraunhofer-Krëmmung). Seng Erkenntnesser op dëse Gebidder benotzt de Fraunhofer, fir d'Materialeegeschaften (Refraktiounsindex) vun optesche Glieser mat méi enger grousser Genauegkeet ze miessen. Mat deem Wëssen huet hien et fäerdegbruecht, besser Objektiver ze bauen, wéi dat virdru méiglech war.
Am Opteschen Institut goufe vum Fraunhofer awer net nëmme Lënse fabrizéiert, awer och komplett Teleskope goufen hiergestallt, déi och eng Opstellung (Montéierung) haten. Zanter dem Fraunhofer gëtt et ee Montéierungstyp, deen als däitsch Montéierung bekannt gouf. Bis haut gëtt de gréissten Deel vu klengen a mëttleren Teleskopen op enger däitscher Montéierung opgestallt.
1819 gouf dat Optescht Institut op München verluecht, well den Utzschneider aus Geldnout de Benediktbeurer Gebaikomplex de Bayern verkaaft hat an nëmmen d'Glaswierk behalen hat. De Fraunhofer huet reegelméisseg missen op Benediktbeuren fueren, fir d'Glasschmëlzen z'iwwerwaachen. Anerersäits war vu München aus bessere Kontakt zu der Akademie méiglech. No kuerze Streidereien, well de Fraunhofer keng wëssenschaftlech Ausbildung hat, huet d'Akademie hien am Joer 1821 als ausseruerdentleche Member opgeholl. An en ettlechen Ofhandlungen an Akademierieden huet hie physikalesch Problemer wéi d'Dréifgi vum Glas a verschidde Liichtphenomeener behandelt.
Brachner, Alto: Joseph von Fraunhofer: 1787-1826, Ausstellung zum 150. Todestag. Röther, München 1976.
Metze, Gudula: Joseph von Fraunhofer. In: Wurst, Jürgen und Langheiter, Alexander (Hrsg.): Monachia. München: Städtische Galerie im Lenbachhaus, 2005. S. 167. ISBN 3-88645-156-9
Preyss, Carl R.: Joseph von Fraunhofer: Optiker, Erfinder, Pionier. Stöppel, Weilheim 1989 (Stöppel-Kaleidoskop; 203). ISBN 3-89306-203-3
Riekher, Rolf: Fernrohre und ihre Meister. 2. Aufl. Verlag Technik, Berlin 1990, ISBN 3-341-00791-1, S. 149-177.