De Jos Witry huet zu Rëmeleng gewunnt. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois. Hien hat eng grouss Sammlung vu Kiewerleken, besonnesch awer vu Päiperleken. Donieft hat hien e bedeitenden Herbarium mat iwwer 1.400 Beleeger aus dem In- an Ausland. Den Herbarium ass am Nationalmusée fir Naturgeschicht, deen en 2019 digitaliséiert huet.[1]
Literatur
Massard, J.A., C. Ries, G. Geimer, 2020. Der Eisenbahner Jos Witry (1901-1971), ein luxemburgischer Schmetterlings- und Pflanzensammler. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 122: 3–27. Published online 15 July 2020 (ISSN 2716-750X). PDF