Joseph Bruyère |
---|
|
Gebuer |
5. Oktober 1948 Maastricht |
---|
Nationalitéit |
Belsch |
---|
Aktivitéit |
Vëlossportler |
---|
Veräin/Ekipp |
Marc-Carlos-V.R.D.-Woningbouw, Flandria, C&A, Fiat France, Molteni-Campagnolo, Faemino-Faema |
---|
Huet matgemaach bei |
Tour de France |
---|
|
De Joseph Bruyère, gebuer de 5. Oktober 1948 zu Maastricht, ass e fréiere belsche professionelle Vëlossportler.
De Bruyère war Profi vun 1970 bis 1980, a konnt an där Zäit a puer grouss Klassike gewannen, dorënner dräimol Het Volk, zweemol Léck-Baaschtnech-Léck, an am Tour de France 1972 déi 19. Etapp vun Auxerre op Versailles.
Am Tour vun 1978 konnt hie sech am Generalklassement op der véierter Plaz hanner dem Joaquim Agostinho klasséieren.
Hie war am Ganze sechs Tier gefuer an um Tour vun 1974 ass hien dräi Deeg am Maillot jaune gefuer, an 1978 aacht Deeg.
De Joseph Bruyère wunnt zu Saint-Remy an der Gemeng Blegny.
An aacht Saisone war hien de Läitnant vum Eddy Merckx.
Ekippen
- 1970: Faemino
- 1971 - 1976: Molteni
- 1977: Fiat
- 1978: C&A
- 1979: Ca Va Seul-Flandria
- 1980: Marc Carlos
Um Spaweck