Johannes Enen

Johannes Enen
Gebuer 1483 jul.
Éinen
Gestuerwen 31. Juli 1519 jul.
Tréier
Aktivitéit Historiker, kathoulesche Bëschof
Stroosseschëld zu Éinen

De Johannes Enen, gebuer ëm 1480 zu Éinen a gestuerwen den 31. Juli 1519 zu Tréier, war Weibëschof vun Tréier, Titularbëschof vun Ashdod (1517–1519), Professer, Doyen vun der theologescher Fakultéit Tréier an Historiker. Hien ass am Klouschter Sankt Maximin zu Tréier begruewen.

Zu Éinen ass eng Strooss no him benannt, d'rue Johannes Enen.

Haaptwierk

  • Medulla Gestorum Trevirensium" (1514)

Literatur

  • Marc Jeck, Ein Luxemburger in Trier: Johann Enen, aus Ehnen stammender Verkünder des "Sancta Treviris". Interessanter Vortrag von Prof. Dr. Michael Embach im Trierer Museum am Dom ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 4/2354, S. 5; kulturell Wochebeilag vum Luxemburger Wort, vgl. Ausgab vum 26. Januar 2012!