De Johann Maria Farina, gebuer als Giovanni Maria Farina den 8. Dezember 1685 zu Santa Maria Maggiore am italieenesche Piemont, a gestuerwen de 25. November 1766 zu Köln war den Erfinder vum Eau de Cologne.
Den 13. Juli 1709 grënnt de Brudder Johann Baptist Farina an der Große Budengasse e Buttek mat Französisch Kram, also mat Luxussaachen. 1714 klëmmt de Johann Maria Farina, dee Parfumeur war mat an d'Geschäft a mëscht en neit Erfrëschungswaasser, dat hien Eau de Cologne nennt, an dat hien aus follgenden Extrakter destilléiert: Bergamott, Orangen, italieenesch Limetten, Zedrat, Pampelmusse mat Bléien a Kraider vu menger Heemecht, wéi hie sech ausdréckt.
Um Spaweck