Säi Studium huet hien un der Fachhéichschoul zu Braunschweig 1962 ofgeschloss. 1963 huet et hien op Lëtzebuerg gefouert, wou hien eng Ustellung als Fotoreporter bei der Lëtzebuerger Illustréiert Revue krut, wou hie bis 1980 geschafft huet.
Vun 1963 bis 1981 huet hien déi Groussherzoglech Koppel, d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte an de Groussherzog Jean, op verschiddene Staatsvisitte begleet, ë. a. a Russland, Tunesien, Groussbritannien, Senegal, China, Japan, Korea, Éisträich, an op d'Olympesch Spiller zu München an zu Montreal. 1979 war hie Matgrënner vun de Friends of Edward Steichen.
1980 huet hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun ugeholl.
1981 huet hie sech als Beruffsfotograf selbstänneg gemaach an huet zesumme mat senger Fra, d'Photo-Galerie 52 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt, déi si 4 Joer laang gefouert hunn. Ë. a. konnt hien do Originalfotoe vu sengem Virbild, dem Edward Steichen, ausstellen. Vun 1982 bis 2001 war hie Fotoreporter bei der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.
Déi selwecht Period war hien och offizielle Fotograf vun der Groussherzoglecher Famill an och vum Service Information et Presse vum Staatsministère.
1982 - 2013: Roger Bertemes, Robert Brandy, Jeannot Bewing, Jean Marie Biwer, Henri Dillenburg, Marc Eichhorn, Francois Gillen, Eliane Goedert-Stoltz, Ben Heyart, Jim Junius, Emile Kirscht, Henri Kraus, Jean-Pierre Lamboray, Ger Maas, Gast Michels, Guy Michels, Pit Nicolas, Paul Roettgers, Charly Reinertz, Francois Schortgen, Maggie Stein / Jim George, Chu Ten Chun, Emile Van der Vekene, Lucien Wercollier, Raymond Weiland.
1986: Janula, Galerie Simonchini.
1986: Son histoire, ses collections, ses services, Bibliothèque Nationale de Luxembourg.
2018: Trésors de la Photothèque - Jochen Herling, Photothèque de la Ville de Luxembourg, Luxembourg. ISBN 978-2-9599812-7-2
↑Andonovic, V., 2018. Die bunte Vielfalt des Schwarz-Weiß. Jochen Herlings Fotografien erzählen die Geschichte(n) Luxemburgs und seiner Menschen. Luxemburger Wort vum 25./26. August 2018, S. 20.