Jean Thill (Moler)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kënschtler Jean Thill. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Thill.
Jean Thill
Gebuer 23. Januar 1913
Beggen
Gestuerwen 26. November 1984
Briddel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Jang Thill oder Jean Thill, gebuer den 23. Januar 1913 zu Beggen, a gestuerwen de 26. November 1984 um Briddel, war e lëtzebuergesche Moler, Glaskënschtler an Olympionik.[1],[2]

Liewen a Wierk

De Jang Thill war de Jong vum Elektriker Nicolas Thill an der Anna Thoma. Hien huet op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis an op der Kunstakademie München Architektur, an op der Académie des Beau-arts zu Bréissel Molerei a Skulptur studéiert.[3]

Den Thill huert Stied a Wandmolerei gemoolt an huet Glasmolereisfënstere gemaach. Als Moler huet hien zesumme mam Jean Jacoby, Maria Jacoby a mam Wenzel Profant beim Konschtconcours vun den Olympesche Summerspiller zu Berlin matgemaach.[4],[5] 1937 huet hie sech mat der Ghislaine Declercq bestuet. 1938 huet hien e Stage an der Escher Handwierkerschoul gemaach fir Konschtdozent ze ginn. Dono krut en eng Plaz am Lycée des arts et métiers an der Stad Lëtzebuerg, wou en am Mee 1945 Chef d'ateleir gouf.

Den Thill war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL). 1938, wéi e fir d'éischt do um Salon ausgestallt huet, huet de Rezensent vum Escher Tageblatt hien d'Revelatioun vun der Ausstellung genannt:

"Dynamische Wucht, rassige Energie eines geistigen und farbigen Temperamentes fallen bei ihm auf. Wild und ungeduldig ist er auf dem Marsche. Die Farben gehen bei ihm gegeneinander an in einem fortwährenden, aber dem Auge fast wohltuenden Kampfe. Die miteinander ringenden Flächen sind mit fast athletischen Kräften und Spannungen geladen."[6]

De CAL war dat Joer drop verantwortlech fir d'Dekoratioun vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu New York, an huet beim Thill, beim Victor Jungblut a beim Théo Kerg eng 80 Quadratmeter grouss Relief-Molerei an Optrag ginn, déi d'Land aus enger geografescher, touristescher a wirtschaftlecher Perspektiv weise soll.[7]

Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich (1940-1944/45) gouf den Thill Member vun der nationalsozialistescher Partei.[4] HIen huet Dia-Vierträg gehalen iwwer däitsch Molerei a Skulptur. Am August 1941 whuet säin Aquqrell Rote Erdeen éischte Präis bei engem Concoursvum Kulturverband Gau Moselland gewonnen, deen als Thema Mensch am Werk hat.[8] Hien huet 1942 zesumme mat ë.a. dem Jean-Pierre Calteux, dem Albert Kratzenberg an dem Josy Meyers am Kaiser-Friedrich-Museum zu Berlin ausgestallt[9] an hat 1943 eng Eenzelausstellung am Kunsthaus an der Stad Lëtzebuerg.[10] Am Juni 1944 huet hien op der Ausstellung Escher Schaffende helfen den Krieg gewinnen matgemaach.[11]

Nom Krich war et bis an d'1950er era roueg ëm den Thill. 1955 gouf hie Véierte bei engem Affichëconcours vun der Escher Quinquennale. Dat Joer drop hat hien nees eng Ausstellung, mam Max Ersfeld, an der Galerie Schram zu Diddeleng. Uganks Januar 1964 war den Thill Matgrënner vun der Association des Arts et des Métiers d'Art du Grand-Duché de Luxembourg, a gouf Caissier dovun. De Veräin huet sech u Këschtler geriicht, déi am Beräich Ugepasst Konscht aktiv waren.[12] 1966 huet de Jang Thill mat anere Membere vun där Associatioun zu Utrecht op der Jaarbeurs zu Utrecht ausgestallt.

De Jang Thill ass 1984 am Alter vun 71 Joer gestuerwen.


Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[13].

Wierker

Um Spaweck

Kuckt och

Referenzen

  1. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Olympedia – Jang Thill. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 23.01.2025.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 335. Archivéiert de 24.04.2023.
  4. 4,0 4,1 "Jang Thill", Olympedia. Archivéiert de 20.o42023.
  5. De Jean Thill op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  6. "Herbstsalon 1938", Escher Tageblatt, 21. September 1938.
  7. Catherine Lorent, "Kunst und Propaganda in der Weltausstellung", Hémecht, jaargang 63 (2011), n° 3, p. 315-326.
  8. "Mensch am Werk", Luxemburger Wort, 20. August 1941.
  9. "Zur Mosellandausstellung im Reichsgau Wartheland", Escher Tageblatt, 24. Mäerz 1942.
  10. "Aus der Werkstatt eines Escher Künstlers", Escher Tageblatt, 7. Juni 1943; "Ein vielseitiges künstlerisches Temperament", Luxemburger Wort, 8. Juni 1943.
  11. "Wirksame Förderung unserer Kunstschaffenden", Escher Tageblatt, 30. Juni 1944; "Schöpferische Kräfte der Kultur und des Volkstums", Luxemburger Wort, 30. Juni 1944.
  12. "Exposition Nationale des Arts et des Métiers d'Art du 28 mai au 13 juin", Luxemburger Wort, 4. Mee 1965.
  13. De Jean Thill op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  14. Jos. Walentiny, "Die Chrisfus-Erlöserkirche in Bridel", Luxemburger Wort, 13 april 1972; "Bridel, Le Christ Sauveur", Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e.V. Gearchiveerd op 9 april 2023.

Dësen Artikel gouf ausgebaut mat Hëllef vun der Iwwersetzung vum Artikel (nl) Jang Thill an der Versioun vum 17.09.2023.

Information related to Jean Thill (Moler)