Jean Hoss

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Hoss
Gebuer 2. August 1937
Gestuerwen Dezember 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

De Jean Hoss, gebuer den 2. August 1937[1], a gestuerwen den 23.[Source?] Dezember 2024[2], war e lëtzebuergeschen Affekot. Säi Papp war den Nicolas Hoss, lëtzebuergeschen Affekot a Conseiller vun der Cour supérieure de justice.

Liewen

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Hien huet 1964 zesummen mam André Elvinger ee vun deene bedeitendsten Affekotebüroen zu Lëtzebuerg gegrënnt, d'Etude Elvinger Hoss (haut: Elvinger, Hoss & Prussen[3]).

1971-72 war de Jean Hoss President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.[4]

Hien huet op der Université libre de Bruxelles an um Centre Universitaire de Luxembourg enseignéiert.

Hien war zanter 1979 Member vum Institut grand-ducal, Section des sciences morales et politiques a vun 1980 bis 2017 Administrateur vun der Banque de Luxembourg.

1991-92 war de Jean Hoss Batonnier vum Conseil de l'ordre des avocats.[2]

Bibliographie

  • Ernest Arendt et Jean Hoss, « La délimitation des pouvoirs fiscaux du pays du siège ou du domicile et les pouvoirs des autres pays, en ce qui concerne les sociétés de capitaux et leurs actionnaires - Luxemburg », Cahiers de droit fiscal international, 1964, XLIX, p. 291‑310.
  • André Elvinger et Jean Hoss, « La consultation préalable des autorités fiscales par les contribuables - Luxembourg », Cahiers de droit fiscal international, 1965, L, p. 161‑172
  • André Elvinger et Jean Hoss, « Le traitement fiscal des sociétés et/ou fonds internationaux d'investissements, compte tenu des principaux aspects en matière de surveillance administrative et de contrôle des changes dans les différents pays - Luxembourg », Cahiers de droit fiscal international, 1971, LVI, no 2, p. 185‑196.

Um Spaweck

Referenzen

  1. De Jean Hoss op issuu.com
  2. 2,0 2,1 Doudesannoncen ouni Stierfdatum am Luxemburger Wort vum 28. Dezember 2024, S. 35
  3. "Our firm" op elvingerhoss.lu
  4. Doudesannonce vum Jean Hoss vum 'Barreau de Luxembourg' op der Säit 35 vum Luxemburger Wort vum 28./29. Dezember 2024