Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Cocteau koum 1889 no bei Paräis op d'Welt. Säi Papp, deen Affekot war, ass gestuerwen, wéi de Jean grad 10 Joer al war. Mat 17 huet de Jean seng éischt Gedichter geschriwwen. Wéi hien 19 Joer hat, huet hie säi Gedichtsband Lampe d'Aladin erausbruecht. 1917 huet en den Zenario fir e Ballet geschriwwen, fir deen de Pablo Picasso d'Bünebild gemoolt huet. Zu Menton, op der franséischer Riviera huet de Jean Cocteau e Musée. Zu Menton huet hien och am Stadhaus d'Salle des Mariages dekoréiert.